Léif Hondsfrenn ...


...desto méi gefestegt Bezéiung tëscht Mënsch an Hond ass, ëmsou méi Fräiheeten kennen déi zwee zesummen genéissen.

Als Hondstrainer wëss ech wéi wichteg eng gudd Relatioun zweschen Hond a Mënsch ass, fir dass eng Léierbereetschaft vum Hond erfolleg hued. An der Hondserzéiung ass dat extrem wichteg an dofir gin ech iech  wäertvoll Tipps an Rotschléi fir eng gutt Bezéiung ze kréien. Am beschten Fall, entsteet doraus eng fest Bindung, déi e Liewen laang halen kann. All Mënsch an all Hond huet ganz spezifesch an eegen Charakteristiken, déi mat an den Hondstraining integréiert gin.

Dofir léiert bei mir an éischter Stell och de Mënsch. Daat wichtegst zweschen Mënsch an Hond ass eng solid  géigensäiteg Vertrauensbasis ze schaafen.

Dofir  hun ech , iwwerdeems de Mupp trainéiert an erzoun get, genau daat emer am Fokus.

Ob dir wëllt dass äeren Mupp
• kënnt wann dir hien rufft
• schéin entspaant mat him mat enger labberer Léngt spadséieren wëllt goen
• brav doheem op iech wärd
• ouni besonnesch Ängscht a Stress mat iech Auto fiert
• aner Henn géigeniwwer geloossen bleift a keng Aggressiounen weist
• frëndlech op Kanner an Leit am allgemengen reagéiert
• kee Gëftköder soll unhuelen
• just e puer grondsätzlech Signaler wéi z.b sëtzten-, léien bleift, zréck kend zouverlässeg  duerchféiert


DANN
Zéckt net an maat e Rendez-vous oder kontaktéiert mech fir weider Informatiounen!

Als mobilen Hondstrainer kommen ech bei iech heem. Fir dass ären Mupp an sengem  gewunnten an vertrauten Ëmfeld bleift. Daat get em Hond an em Mënsch Rou an Sécherheet!